En klengen HDR, een vun villen.
Hun meissen nei HDRs maan, dei vu Schottland gin net duer fier d'Abgabe, se mussen nämlech mindestens aus 6 Eenzelfotoen bestoen.
Tjo, en Dag an d'Staat gefuer an iwwer Honnert HDRs gema.
hei ass een dervun.
Ma da wars de jo laang ennerwee! Huet sech awer gelount. Du hues së schéin verschafft, an déi blo-giel Fuerwen lossen mech direkt un en schéinen (summerlechen) Sonnenennergang denken.
Merci!
Jo, wor laang ennerwee, während d'Leit um Gala Tour de France woren hun ech um Kierchbierg Fotoen gemach.
Hat d'Schëller awer dun och wei kritt vum Stativ.
Villmols Merci!
Kann sen datt en e bessen tippt, meisst mol nokucken wei eng Brennweit et wor.
Mee perskeptivkorrektur am Photoshop maan ech net gär, virun allem giff et hei lo net wierklech vill brengen.
Oder mengs de lo datt d'Foto giff tippen?
mmh... ech mengen domat den Tuerm, well wann en vun ënnen am Bild un, erop kuckt da get den Ofstand zum Bord lenks ëmmer méi grouss, sou dat en no hannen tippt...oder?