ausdrocksstark fotoen eibfach super, wann een net wiisst dat déi vum arméismarsch wieren giff éischter un en Asaz denken, "chance" och, dat just du gereent huet, wat nach méi zu den seriéise gesichter passt, well samschdes hunn se nach méi glécklech dragekuckt
Deng Neckel ass rem do alles geklappt am Examen?
Foto 4 ass wierklech saustaark! Di aaner 3 Fotoen sinn ok an enger Serie, mee fannen Nummer 4 ass derwäert, alleng ze stoen
Kann mech nemmen uschleissen, dei 4t ass mei waert wei laest Foto an enger Serie ze sin! Do kommen richteg d'Emotiounen vun deenen armen Schwein riwwer...
No 4 ass ganz staark: du bass matten dran a vermëttels Emotiounen; ech gesin dat och wéi de Poly, datt ee vill méi wéi en Arméismarsch eraninterprétéiere kann!
Fir mech sin 1, 2 an 3 eng gelonge Serie iwwer den Arméismarsch an 4 ass ausser konkurrenz
jo, ganz flott Serie ...
d'Zaldoten stiechen iergendwéi aus dem Bild eraus ... wéi een Film ... an daat ass, fannen ech, daat Spezielt an dësen Biller
den Cadrage vun der Leschter matt deem däischteren Deel lénks ass wierklech ganz gutt esou ... plus den Reen ...