Vun den Faarwen an dem Kadrage hier ass se navel gudd, mee hun d'Gefill daat se en bessen no lenks kippt an daat d'QUaliteit net sou genial ass. Hues de se vleit en bessen vill nogeschaerft?
Am prinzip schärfen ech baal emmer noo, passen zwar emmer op daat et net zevill gett, ma hun vläicht des kéier bessen iwwerdriwwen
Ech haat relativ vill um Himmel geschafft an d'Ränner gesinn am groussen och net grad immens aus, dohier gesäit et och vläicht net gudd aus vun der Qualitéit.
gesäit bal aus wéi 't entree vun der iechternacher schoul XD ech denken dat allkéiers
déi meescht leit giffen hei automatesch e S/W man, dovir gefällt mer déng faarwech foto schon direkt. se as just e bsii eidel vir se wierklech intressant ze fannen
an nach eppes: ech fannen se sou weder-nach. .. d.h. entweder méi entree lénks, oder méi an de fluchtpunkt riets hätt mer besser gefall