Gefällt mer extrem gudd! De Niwwel ass gudd, d'Persoun (bass du daat?) ass genee do, wou se goën soll. Super, ech hun en neien Favorit op menger Usersäit
Gutt Remarque ! Hun se nämlech och am quadrateschen Format, an dat gefällt mer och mee et feelt mer dann eppes op den Seiten well dat ganzt dann gequetscht wierkt ... hmm mee kucken awer mol wei et ausgeseit weis du mer grad gesoot hues.
Mier geif se nach besser gefaalen wan den Wee hannen direkt an den Niwwel geif iwergoen an keng kloer Grentz dertescht ass (ass en bessen roof gaang hannendrun?). Kanns jo bessen am Ps nohellefen.
Io stemmt, mee dann huet d'Foto een aneren Senn, dann wierkt dat ganzt mei grugeleg, an dat well ech hei net
Ausserdem verschaffen ech meng fotoen net gär :P also mengen mat su radikal Verännerungen Mee merci fir dein Kommentar, wärt et fir dech awer ausprobeiren ;)
Sou Biller, wéi dat hei, sprieche méch ëmmer neess un. Si sin ausdrocksstark an hun eppes matzedeelen. Wann ech elo hei eppes schreiwen, wat schon hei steet, dann huet dat domadder ze din, datt ech di aaner Kommentarer net gelies hun virdrun. Mais sou wéi's du d'Bild opbaus, mam Spadséiergänger am gëllene Schnëtt, an dem Flucht punkt an der m!ett vun der Foto, op der ieweschter Limite vum ënneschten Drëttel, sou muss dat hei sin, fir datt d'Foto funktionnéiert. An da kënnt nach di Déift dran, déi durch déi ëmmer méi diffus Stämm ënnerstrach get, derbäi. Gudd geschafft!
Da musse mir Fotografen eben esou maache, wéi d'Wieder et gären hätt... Entweder loosse mir den Apparat doheem (wi ech haut, well et de Moie gesch...t huet wéi mat Eemeren, an ech dunn haurt an der Mëttestonn net vun der schéiner Luucht profitéiere konnt), oder mir maachen trotzdem Fotoen. Mir wesse jo, wéi dat geet, och am schlechte Wieder!!!