ech hun dat selwecht Bild mat f5.6, get awer net de selwechten Androck. Hei sin e puer Weessären och scharf, déi aner hun am Wand gewackelt, ennerstetzt dat Bedrohlecht e bessen....
d'waer awer am fong méi logesch wann deng weeskaern bei f22 méi onschaerf sin wéi bei f5,6 ... nee ? mais et wor just eng fro. Ech perséinlech schaffen seelen ivert blend 11. (also am kleinbildformat) ass awer flott ...
dann hate mer eis messvertstan, déng Fro hätt da misse sin: firwat 1/40 s! ) dobaussen schaffen ech bal nemmen mat Zäitautomatik, dh ech wiele meng Blend, a stabiliséiert Lensen machen dach villes méiglech
jo stemmt ... ech fannen d'beliichtungszeit pass zwar hei och nach ganz gudd. Dann kriss du en bessen dyamik dran. Awer wannst du op richteg schaerft stees misst du baal kucken méi schnell beliichtungszeiten ze huelen. Hoffen du déids elo ons gespreich hei net als kritik ... et wor nemmen éierlech intresse ... an zwar well mech daat bild vun ufank un ugeschwat huet. An deem senn ..keep on doing
ech si frouh dat d'Bild der gefällt an gesin eist d'Gespréich absolut net als Kritik, a wann, dann als total positiv!!!
Mat all Austausch léieren ech äpes bäi a bréngt mech weider, genau wéi am richtege Liewen!!!