D'Idee ass jo ganz léif, mee et mangelt hei un Kreativitéit. Schaff beispillswéis mat méi Faarwen oder engem bestemmten Faarwtoun an setz deng Idee nei em mat méi "Pepp", eben vläicht engem aaneren Cadrage oder aanerer Beliichtung wéi den Marc schons soot...
geif eng aner perspektiv huele, vleit vun mei deif. an ganz wichteg mei hell an mat der tounwertkorrektur weiss maachen!!!
idi fannen ech awer cool, sin do voll denger meenung.
Du keins och eventuell probeieren fir verschidden Nouten ze huelen... Dei Bleck (de.: Blöcke) vun all Keier zwou Nouten steieren mech e bessen... Et gin der do jo nach ganz vill anerer...
hehe io ok kann ech man dann hun dei 4 joer solfège weinstens een gebrauch merci vir dei vill Ideen dei dir mir hei gidd wert se all pobiern maat an dei next photo dranzebrengen
Hmmm... also d' idee ass jo guer net mol sou schlecht, allerdengs as d' emsetzunge mer ze "spartanesch", porbeir mat beliichtungen ze schaffen, oder maach et am photoshop esou, dass et ausgesait wei dei bessen mei aal I-Pod-Werbungen, d.h. mat Faarwen spilen AN: ennen bei der mett, gesait een leider nach den scotch