Ass eng speziell Foto, ech wees awer net waat ech dovunner haale soll... Assozieiren daat ganzt nemmen mat Gewalt an Kriminalitéit.
Kann d'Beretta net einfach esou gesin als Objet fier ze fotographéiren.
Naja, nodeems ech dem Michael Moore sein Film "Bowling for Colombine" gesin hun, an an den Noriichten a letzter Zait vun den villen Amok-Leef an den amerikanischen Schoulen heiren hun, senn ech net grad vun Waffen iwwerzeegt, och wann se duerchaus intressant senn.
D'Foto ass technesch gudd, an och net schlecht vum bildopbau, besonneg d'Spiggelung an den Kontrast Kurrel-Schwarzt metall vun der waff gefällt.
Mee eng Waff ass natierlech emmer en ondankbart Motiv, och wann et eigentlech eng ganz intressant Mechanik an Design hudd…
vir en Waffenfan as dei top, esou Reklamm fuerdeg.
Daat mat Waffen as esou eng Saach. Amerika as eng Welt vir sech. Hei an Europa brauchs du offiziel en Waffenschein an muss gewesen Regelen anhaalen dats de eng daerfs besetzen, soss daerfs de keng hun. Mee bon et get och den illegalen Wee.