Iergendwéi eng gelongen Mëschung aus idyllescher, bal wéi gemoolter, Landschaft an daer düsterer Iwermuecht vun der Buerg.
A wéi den ChLo schons sot, d'Schof get dem ganzen eng extra Nout.
Ha! Ech hunn et! ech hunn lo eng zaitschen nogeduet fir rauszefannen waat net geing stemmen! Dei foto ass einfach super genial! Wierkt onrealistesch, an lo wees ech och virwa: weinst dem himmel mat der sonn...
Entweder haas du en FETTEN blëtz vun lenks op engem decken stativ, oder et war dem MarcGerard seng lumière ... oder du hues en aaneren himmel dropgesaat, waat an deem faal hei souvill meiglech wei deen zweeten choix ass
den schied huet dech verrooden!
Sin awer allerdengs mat deenen aaneren anverstaan...
De Marc huet mer alt rem filles gewisen haut (souwuel um Fotoapparat an am Photoshop), an dest ass dobäi erauskomm. Ech sin fill frouh daat d'Foto sou gudd ukennt, mee op ech daat elo elleng wärd hikréien, ass eng aaner Fro... (merci Marc)
ech hu méngem brudder se gewisen, an heen huet se gekuckt an op engkéier gemengt "wells du se net gemach hues as se souwisou flott" deen asch
mee probéier et einfach nach 1-2 mol. huel der zäit, da geet dat tip top
super foto !
huiiii once upon a time there was....
fannen des geseit sou richtech schein maerchenhaft aus wei feelt just na eng prinzessin am gaart wou engem jonke borscht den an da fenster setzt an e gedicht schreiwt zouwenkt :p