Et sin e puer Elementer an denger Prise di mech stéieren. Bon, ech denken wanns de se mi enk kadréiers k!ennt dat wats de mat der Prise aus wells soen besser eriwer. Do misst een awer lo probéieren wéi enk (vläicht den ganzen éischten Stack vum Gebei ewechloossen, dann evitéiers de anengems di Asym. oder esou)..
Ausserdem géif ech se s/w mat enger uspriechender Tounung an engem flotten Kontrast besser gesin ... di blo Bochs dréit näischt zu denger Kompositioun bäi an di ganz Szene ass souwisou schon relativ monochrom.
Voilà, lou hunch mäin Häerz ausgeschott...
Ech gin der Recht bei folgendem: Monochrom, Faarwen. Bon, et ass affaire de gout, d'Faarwen gefaalen mir amfong, mee et ass effektiv e besse langweileg.
Méi enk schneiden géif ech d'Foto awer vläicht net... daat gefällt mer irgendwéi net.