Dat geseit mega mat dem Riesenrad aus ... an duecht d'Luuchten vun den Autoen an dei un den Beem, gett den Bleck lues op den Mettelpunkt geleed, wirklech ganz flott !
Effectivement, une version 'longue expo' aurait transformé les nombreux petits points des phares de voitures en traînées de couleur. Or cette accumulation de petites lumières rend justement cette photo si belle. Un peu magique.
Pour ma part, j'aurais sans doute fait 'disparaître' les lampes des réverbères et cadré un peu plus serré en haut (et peut-être en bas).
Gudd gesin, a propper festgehaalen. E flotten Opbau an ee schéint Spill mat Liicht a Schiëd, mat Formen a Fluchten. Gudd gefällt mir, datt s du d'Chance has, ee Golf mat de ronne Luuchten hei viir ze hun, dat as su den Einstiegsrondel fir an d'Foto an dann di Liichterketten hannendrun féiert de Bléck op den Zentrum, d'Riiserad, an dann iwwert di rout Luuchten neess aus dem Bild eraus. Einfach, mais efficace. Et stéiert och kengesfallss, datt hei de Sujet an allen Hisiichten zentral as, am Konträr, déi relativ eintönech Fläch vum Himmel uëwe fänkt dat "Gewulls" vun den Autoën op a kompenséiert et. E mi Panoramaformat mat manner uewen hätt net su gudd gemaach, géif ech mol soën. Dat eenzecht, wat mer opfällt as, datts du di riets éischt Stroosseluucht bessen ugeschnidden hues. Awer dat as nun awer wiirklch Ierbessenzielerei. Par contre fannen ech et gudd, datts du eng kuurz Zäit gewiëlt hues. Dese Sujet verdréit keng Liichtspuren. Et as ganz gudd esou, wi et as.
Merci fir den alt rem äusféierleche Kommentar gutt Beschreiwung, an daat matt der Luut, do léisst sech nach driwer streiden ob net awer 1px do ass wou een schwaarz gesäit, also wir se net oofgeschnidden