An ech sin haut nach um 18.20 mam bus laanscht gefuer, op der sait vun der BNP, an hun mer nach geduet... et wier witzeg, wann lo do een vun photogen geing fotoen maan... wenn man vom teufel spricht... aie aie aie...
Ech hätt, fier dat een biller besser ennerscheeden kann, den orangen, mam grengen ersetzt...
Hun missen zweemol gucken, op nierwend dem rouden, net nach eng keier den selweschten rouden wier...
jo, ech hun se der reienfolg no opgestallt, an op mengem bildschirm as do zwar ee graven ennerscheed zum rouden... humm
ech hat awer dee selweschte gedanken beim bastelen wi's du hu mech dunn awer fir d'original reienfolg decideiert. effektiv wir den ennerscheed mi frappant am aen.
Déi do Idee haat ech och, mee ech beherschen den Photoshop leider nach nët esou gudd fir déi Zesummensetzung ze maachen.
Ass dir awer gudd gelongen, och d'Schrëft !