Jo déi Schärft ass bei sou Wäitwénkel am fong scho baal inklusiv direkt matt drann, och bei ganz oppener Blend Mee ech wosst dass des guer net huet dierfe verwackelt ginn dofir war ech mam ISO och "bessen" méi héich ...
Daat mam kippen: Et stëmmt eppes net ganz 100%, perspektivesch gesinn, daat kennt dofun wann een net genee matt der Mëtt vun der Lëns och an der Mëtt vum Sall steet :/
ech hun mir nach nie zeit geholl fir eng führung mat ze machen, mee ech gesin wann ech nächstekeier zu pareis sin ass daat een must
foto gefällt mir ganz gut
Firwat hues du deng Exif "geheim" gehaalen? Soit! Niëwesaach. Wann ech des Foto kucken dann denken ech direkt un dem Alain Resnais an dem Alain Robbe-Grillet hire Film "L'année dernière à Marienbad", deen ech 1985 an der Fuesvakanz mat 14 aaneren "Cours"-isten, déi am Konschtmodul beim Ben Heyart gudd geschafft haten an dofir ee Weekend pédagogique zu Paräis "gewonnen" haten, kucke gaange sin , owes spéid an een urege Kino an der Rue Mouffetard, an dee méch impressionnéiert hat (de Kino an de Film). Awer ech gesin och dem Prënz Prospero aus dem Poe séngem "The Mask of the Red Death" säi Palast, an deen hien séch vergiewens virun der Pescht agespart hat mat selekten Invitéën, an eng Orgie gefeiert huët. Fir méch déng bescht vun deenen 2 bis elo ropgeluëdenen Paräisfotoën.