Méch stéiert den Tartare: Et wier méi authentesch mat Boursin, du wees jo: du pain, du vin, du boursin. )
Nee am eescht. Du hues eng flott Iddi flott an Szen gesaat. A virun allem kanns du dat nämlécht nach eng Kéier fir de Sonndeg den Owend virgesin. Da, wann d'Fransouse Weltmeeschter gin.
@Nicon07
Ech mengen méi Recht kéins de nët hun!
@Val
Mier méchst d'Foto och richteg Loscht, mee den Awand mam Boursin, do muss ech dem Nicon07 deelweis Recht gin!
Mee ech hätt och keen Tartare geholl, mee e franséischen Kéis frësch äus dem Kéisrayon an enger photogener Verpaakung
An der Foto wéinst (och just dowéinst) hätt ech nach e bëssen Rouden an der Fläsch gelooss, dann géif de Barcode hannen och vläicht manner opfaalen...
@ Knolles
Do wars du wuel en Tick méi schnell wéi ech waat de Kéis ugeet!
Freet mech awer dass ech do de selwechten Gedanken wéi en "Expert" haat
Dat mam Boursin war jo och nëmme wi beim Christian Morgenstern séngem "Wiesel": "Das gute Tier tat es um des Reimes Willen"; oder fir d'Reklam vu fréier ze zitéieren. Ee lassene Kéis wir méi "klassesch" gewiescht, an och villäicht méi, wéi soll ech soën, ... Mais esou perfekt inszenéiert KéisWäinBrout -Fotoë get et jo awer bal vun all Pubstudio, an dofir fannen ech dem Val séng spontan Foto, nodeems en séch et genüssléch gemaach hat, hei ganz originell a si gefällt mer och mam "Tartare". Schliessléch sollen d'Tarataren, di richteg, jo hirt d'Fleesch teschend dem Suëdel an dem Pärdsréck mondsgerecht zougeriicht hun, a wann een séch dann dee Bifteck do virstellt, dann as dat jo am Fong dat, wat d'franséisch Futtballsequipe bis dohi mat hire Géigner gemaach huët, oder?