Do keint een och schreiwen " alle wege führen nach Rom "...oder esou...eng flott Idee och gut gemach....Foto ass gut opschon dedn Baam an der mett vun der Foro ass , well een Bamm och nach rechts dominat do ass....
mjo, an der mett misst een en setzen wann en ganz alleng do geing stoen, mee vu dat na deen ganzen besch dohannert ass... mee bon, ech soen et nie genuch: obschons et beim cadrage gellen reegelen gin aus estheteschen grenn, kann dat ganzt jo en fonction vum fotograph ganz duercheneen bruecht gin...
Also an desem Fall ass d'gelle Regel agehaal. De Bam ass op 1/3 vun uewen. Daat geet duer. Den Sujet muss net onbedengt horizontal a vertikal op 1/3 leien.
Ausserdem wir den Effekt vun de Spuren déi op de Bam hin gin verluer oder zumindest net méi esou effektiv wann en nët horizontal zentréiert wir.
Ech perséinlech hätt just gären méi en interessanten Himmel gehaat, mee do konnt ech mer en nët eraus sichen.