Ech sinn leiwwer Bescheiden an mat den Féiss um Buedem; ech kréien Effektiv immens vill positiven Feedback vun allen Säiten, dat stëmmt schon mais bon, ët ginn immens vill gudd Photographen.
Den Merci ... uewen un Canon, Nik an co woar ob d'Schärft bezunn.
Wat ech déi läscht Zäit ee bëssen vermëssen ass d'Kritik un denen klengen Détailer, well Perfekt sinn se lo och nët.
Also, obschon ech nun guer keen Fan vun Heavy Metal sin, sin ech awer en Fan vun dengen Photoen dozou (an net nemmen dozou).
Mech beandrockt wéi schons oft hei gesoot déi technesch perfekt Ausféierung, an déi wonnerschéin Faarwen.
Du schaffs zwar mat TOP Material, mais deng Photoen sin awer en Beweis derfier, dass et nach laang net nëmmen opt d'Material ukënt !
Merci gunman, déi Foarwen sinn den Verdëngscht vun dem super Luuchtentechniker aus der Kufa, ouni hien an seng schéin Luucht wieren d'Biller och nët dat, an ob d'Matérial kënnt an dem Bereich schon un ... kuck déi eischt mam Rouden, d'1D verdréit dat einegermossen gudd .. mat der 7D hun ech soubal rout koum obgehaalen ze knippsen wëll ët keen waert hat.
An punkto Kadrage usw. hun ech och hei um Site vill geléiert an ech sinn mer sëcher dass do och nach méi dran ass.
wei soll een dei Fotoen do dann nach kritiseieren, ech mengen wann een eppes dervun versteet, dann bass du daat, als Pefektionist fällt et der natirlech schweier, well du wels nei Herausfuerderungen, hun och een esou een hei heem setzen, et get wahrscheinlech nach een oder deen anneren deen hei am Detail eng Verbesserung fennt, mä ech sin daat bestemmt net, fir mech sin deng Fotoen mei wei perfekt!
Chapeau Schluck, vun denger Hex
Merci Hex fir deng leif Wierder .. ganz ongewinnt vun dir .
Mam Perfektionist hues de zum Deel recht ... lossen mer dat esou ausdrécken .. ët wëll een Besser ginn obwuel een wees dass Perfektioun nët ze errechen ass.
Nei Erausfuerderungen, nët onbedingt, ech hun Spass un dem wat ech machen.
Daat ass jo genee daat wat ech mengen, daat spiegelt sech an dengen Biller erem, an dem wats de brengs bass de kaum ze iwertreffen, et mierkt een d'ass de Spass drun hues, goid job
Och déi heite Serie gefällt mir exzellent, woubäi bei dene vun Tëschegas nach méi peppeg Faarwen durech d'Beliichtung dra sin.
Op der 1. Foto am HG an op der Foto ganz riets misst den Dan Kries sin, deen och bei Heavy Petrol & the Greyhounds um Bass ass, zwar mat méi kuerzen Hoer
Jo dat gesinn ech och esou, d'Beliichtung woar bei hinnen einfach besser, ann sie woaren och vill méi aktiv ob der Bühn, ass jo och ee bëssen anneren Still --- Jo genau, dat ass den Danob 1. an 5. , den och fréier bei Nazz Nazz gespillt huet
Ah jo, an den Woody als Sänger do ob dengen Biller