Merci bien Paul-H, do sin ech awer elo ganz baff, daat ass mer an all denen Joeren bei PG nach nët virkomm, an dobei ass se nët emol vu mir, sondern vu menger Madame mat hirem iPhone. Hun se just recadréiert an e bëssen opgepeppelt (also d'Photo mengen ech)...
Mëttlerweil maachen d´Handyen och ganz passabel Fotoen, zumindest wann d´Luucht stemmt. Deng Bea ass super gin, mee och deng Mme huet anscheinend och e fotographescht Aan.
Déi heiten vu mir war och mat engem iphone XS gemaach gin a gouf och zur WF gewielt: Hotelsarchitektur