Wann ech den Dauphin'en hir Frisur kucken... ech mengen déi hun besser ausgesin iert se fir den Concours gestylt goufen.
Zur Foto: Direkt geblëtzt = bäh. Bei der Mr & Miss Foto as d'Luucht d'selwecht.
nee, nët direkt geblëtzt. Do kanns de den Armand gären froen Ech huelen un dass en deel vun der Luucht vun der Zarge reflektéiert gouf a guer nët bis géint den Plafond vum Tiermchen koum ass.
Ah ok. Wat hues de dann gemaach? Op béiden Fotoen hues de en Schiet deen op der selwechter Héicht bleiwt an just e bëssen no ries réckelt, wéi wanns de d'Kamera no lénks gekippt häss fir am Héichformat ze fotograféieren an den Blëtz denn eben d'Leit vu lénks beliicht.
Hoppla, lo hun ech main éischten Kommentar nach iwwerschafft an ausgebaut:
Op béiden Fotoen gouf géint den Plafond gebletzt an d'Reflekterkaart war erausgezunn. Ech kann der beim beschten Wëllen nët soën wisou së awer nach Schieder am Gesiicht hun. Vlaicht hätt ech hei awer sollten den Blëtzkabel auspaaken an vun uewen lénks blëtzen.
Jo, hätt ech och am léifsten. Awer daat heiten ass nees eng vun deenen Fotoen déi bei all Geleegenheet aus dem Archiv geholl gin. Déi brauch d'Redaktioun nunmol... *g*
Jo daat ka jo mol séier geschéien. Den Quotidien huet d'Nimm vun den Dauphinen och duercherneen geheit obwuel së an der Bildbeschreiwung korrekt stoungen. Ech haat nach extra drop opgepasst well ech daat gefaart haat! Tztztz
Nee also e Mister sollt schon eppes duerstellen - a virun allem männlech wierken.
Fro mech nët waat së mat mengen Fotoen gemach hun. Online gesinn se wierklëch nët méi gudd aus. Ech muss do mol engkéier nofroen wéi si se kompriméieren. Daat mëch alles eis Internetredaktioun, do hun ech keen Afloss drop. Vlaicht lait et och un engem Script op der Homepage? Du mengs jo déi onschärft, woubai daat "knackegt" verluer gaangen ass?
ech wees net waat sie matt den Dauphin'en gemach hun ...
mee et ass net ganz virdeelhaft fir sie gin ... fir daat elo elegant auszedrécken
errenert mech un déi Artisten déi Roboter/Holzpoppen nomachen
Schmink, iwerhaapt, ass net ideal fir Maenner, och wann et heiansdo muss sin fir Fotoen, awer déi heiten ass nun wierklech iwerdriwen
war keng aaner Plaaz méiglech? ...
gesait alles esou angeengt aus ... baal wéi wann daat een Fisheye gewiecht wier
ass net deng Schold, awer deen Dekor ass och net deen schéinsten fir esou Fotoen ... idem fir déi Foto an der Schloofkummer
iwwregens, e bekannte Radio- an Telesender hei am Land huet niewt mengem Online-Text geschter och nach de Fehler (Diane/Diana) kopeiert a gedreckt, souwuel online wei och um Teletext !!!
do geseit éen